Pacte Nature
Naturpakt: Zertifizéierung vun der Gemeng Schieren 🌿🍀🌳
Leschte Freideg, 5.5.2023, goufen am Kader vum Naturpakt-Dag zu Beetebuerg d‘ Präisser un d‘ Gemengen iwwerreecht, déi beim éischten Audit eng Zertifizéierung erreecht hunn.
👉D’Gemeng Schieren huet mat 41,07 % déi éischt Etapp gepackt a krut vun der Madame Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, hire Präis iwwerreecht ✅🏅
👉Dem zoustännege Schäffen Jean-Paul Zeimes, eisem Ingénieur Michel Pütz souwéi dem Naturpaktberoder Sam Heiter vum Sicona – Naturschutzsyndikat ee grousse Merci fir hiren Asaz 🙌👍