Déi national Offall-App ass do

Säin Offall richteg Entsuergen – dobäi soll déi nei App Mäin Offall – Meng Ressourcen hëllefen. Den digitalen Offallkalenner erënnert de User drun, seng Poubelle virun d’Dier ze stellen an eng interaktiv Kaart weist all verfügbar Sammelplazen am Land un, ob Container, mobil Sammlung oder Ressourcenzenter.

D’App, déi op 4 Sproochen an a ronn 85 Gemengen verfügbar ass, kann gratis am AppStore oder bei GooglePlay erofgeluede ginn. An Zesummenaarbecht mam Minsitère fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung, verschiddenen Acteure vum Terrain an de Gemengen huet d’Ëmweltverwaltung dës App entwéckelt.

Wéi eng Gemenge beim Projet matmaachen, Downloads an all weider Informatiounen zu Mäin Offall fënnt een op www.emwelt.lu .

Dat kann d’App

  • De virtuellen Offallkalenner erméiglecht dem User, d‘Sammlungen vir seng Adress zu all Moment ze kucken, ob Pabeier, Valorlux oder Biopoubelle ;
  • De User kann sech Erënnerungen vir verschidde Sammlungen ariichten. Sou gëtt een zum Beispill um Virowend virun der Sammlung mat enger Push-Noriicht drun erënnert, seng Poubelle virun d’Dier ze stellen;
  • Op der interaktiver Kaart fënnt een all ëffentlech Sammelpunkten, sief et Container, mobil Sammlung vun der SuperDrecksKëscht® oder Ressourcenzenter;
  • En Offalllexikon gëtt Tipps, wou wéien Offall am beschten entsuergt ka ginn;
  • Falls eng Sammlung ausfält oder geännert gëtt, kritt de User d’Informatioun iwwert eng Push-Noriicht vu senger Gemeng direkt op de Smartphone

 D’Ëmweltverwaltung schafft aktuell un der Versioun 2.0. Dës soll 2022 bereet sinn an de Bierger erméiglechen, Sammlungen op Ufro ofzewéckelen.

Le Luxembourg lance l’application nationale des déchets

Faciliter la gestion des déchets au quotidien – c’est l’objectif de la nouvelle application mobile « Mäin Offall – Meng Ressourcen ». L’application gratuite, développée par l’Administration de l’environnement et soutenue par les acteurs de terrain, a pour but d’aider les citoyens à gérer leurs déchets au quotidien. Grâce au calendrier virtuel des collectes, aux rappels des collectes et à la carte interactive, toutes les informations sont désormais à portée de main.

L’appli est actuellement disponible en 4 langues pour les citoyens d’environ 85 communes. Elle peut être téléchargée gratuitement dans l’AppStore et sur GooglePlay.

Plus d’informations sur www.emwelt.lu

Fonctionnalités clés

  • L’utilisateur peut consulter le calendrier des collectes digital pour plusieurs adresses à tout moment ;
  • L’utilisateur peut programmer des rappels pour les collectes de son choix (typiquement le jour avant) afin de ne plus oublier de sortir sa poubelle ;
  • Une carte interactive permet de trouver tous les points de collecte publiquement accessible, que ce soit un conteneur, une bulle ou un centre de ressource ;
  • Un dictionnaire des déchets reprend des conseils utiles concernant l’élimination et le recyclage ;
  • En cas d’annulation ou de changement d’une collecte, des notifications push sont envoyés aux utilisateurs.

Une version 2.0 est en cours de développement et permettra d’inclure une fonctionnalité pour réserver les collectes sur demande via l’application.

Partner

  • SIVEC – Syndicat Intercommunal à Vocation Ecologique
  • SIDEC – Syndicat Intercommunal pour la Gestion des déchets
  • SIGRE – Syndicat Intercommunal pour la gestion des déchets ménagers, encombrants et assimilés en provenance des communes de la région de Grevenmacher, Remich et Echternach
  • STEP – Syndicat Intercommunal
  • Valorlux asbl
  • SuperDrecksKëscht®
  • Ecotrel asbl
  • Ecobatterien asbl
Dernière modification le 03/10/2021
Aller au contenu principal