Aktioun « Gielt Band »

D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Gaart/Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a laanscht d’Landstroossen. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, Taarte baken a nach villes méi.

Fir dëse Problem ze léisen, gouf d’Aktioun „Gielt Band“ entwéckelt. Gemengen, déi sech bei dëser Aktioun bedeelegen, markéieren hier Uebstbeem mat engem giele Band. D’Uebst vun dëse Beem kënne vu jidderengem gepléckt ginn.

D’Gemeng Schieren bedeelegt sech och un dësem flotte Projet a geet esou géint Liewensmëttelverschwendung fir. Em déi 30 verschidden Uebstbeem, dorënner Äppel- an Quetschebeem an Nësserte si vum 1. September u mat engem giele Band markéiert.

 Nëmmen d’Uebst vun engem Bam, dee mat engem giele Band markéiert ass, däerf gepléckt/opgeraf ginn.

  • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
  • De Bam däerf net beschiedegt ginn.
  • D’Uebst ass fir de Privatgebräuch bestëmmt an däerf net verkaf ginn.
  • Pléckt nëmmen déi Quantitéit vun Uebst, déi Dir braucht.
  • Hannerloosst d’Natur am selweschten Zoustand, an deem Dir Si virfonnt hutt.
  • Blockéiert keng Zoufaarten.
  • Dir pléckt op Är eege Verantwortung.
Dernière modification le 10/09/2021

Des articles de la même catégorie

Recensement de la population

Recensement de la population

InformationsLe recensement de la population 2021 est organisé conjointement par l’Institut national de la statistique et des études économiques (STATEC) et les différentes communes du pays à partir du 8 novembre. Ses objectifs sont de recueillir un certain nombre de :...

lire plus
Aller au contenu principal