Schierener Wantermaart
Schierener Wantermaart 2025!
Reservéiert Iech den 28. & 29. November 2025 fir de Schierener Wantermaart. Mat engem Creator Market, eise Schierener Veräiner, flotte Special Acts, an dëst Joer erëm mam Highlight, op dat Dir Iech freeë kënnt:
Ballon Nightglow-Show den 29. November. Nei dëst Joer mat dobäi si Modellballonen
Iessen a Gedrénks gëtt vun de Schierener Veräiner zervéiert.
Mat dobäi sinn och d’Kanner an d’Schüler aus der Maison Relais an der Schierener Schoul, déi hir eege Bastelprojetë weisen an Adventskränz ubidden, souwéi herrlech selwer gemaachten Eisekuche verkafen!
Event-Programm:
Freides, 28. November:
- 17:00: After Work
- 18:00: Offiziell Ouverture vum Wantermaart
- 18:30: Animatioun mat der Schierener Schoul an der Schierener Musek
Samsdes, 29. November:
- 17:00 – 22:00: DJ Set by DJ Freezy & DJ Skit
- 19:00: Fireshow vum Fireshow.lu
- 20:00: Spektakulär Ballon Nightglow-Show an nei dëst Joer mat derbäi sinn Modellballon’en
- 22:00: After Party « Beim Décken » mam DJ Epp
- Kommt laanscht a verbréngt eng gemittlech Zäit am Duerf, mat waarmem Gedrénks a flotte Momenter, déi Iech op d’Feierdeeg preparéieren. Mir freeën eis op Iech!

