Neijooschpatt
Neijooschpatt 2026
E Freideg Owend huet d’Gemeng Schieren am Kader vum Neijooschpatt zesumme mam Gemengerot, de Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der Gemeng, de Vertrieder vun de Kommissiounen, de Veräiner an eisen externe Partner op d’neit Joer ugestouss.
An senger Usprooch huet de Buergermeeschter Jean Paul Zeimes betount, wéi wichteg Zesummenhalt, Engagement a kollegial Zesummenaarbecht fir d’Entwécklung vun eiser Gemeng sinn. De Start an d’Joer 2026 ass gelongen, de Budget ass ugeholl an déi éischt Projeten a Commande si scho lancéiert.
Och fir déi kommend Méint si vill wichteg Projeten ugekënnegt ginn, ënner anerem am Beräich vum bezuelbare Wunnraum, der Schoul an der Maison Relais, dem Sportsite, der Stroosseninfrastruktur, der Waasser an Ofwaasserversuergung souwéi am Klima an Ëmweltberäich.
E weidert Thema war de Stand vun de Gespréicher ronderëm eng méiglech Nordstad Fusioun. De Buergermeeschter huet hei den aktuelle Fortschrëtt erkläert an d’Wichtegkeet vun enger seriöer an transparenter Virbereedung ënnerstrach, mam Zil de Bierger an Zukunft mat anzebannen.
Ee besonnesch Merci goung un all Mataarbechterinnen a Mataarbechter, d’Kommissiounen, d’Veräiner an d’Partner, déi all Dag dozou bäidroen, dass Schieren eng lieweg, attraktiv a nohalteg Gemeng bleift.
Hei e puer Andréck der Feier
Neijooschpatt 2026
Vendredi soir, la commune de Schieren a accueilli ses collaborateurs, les représentants des commissions, des associations et ses partenaires externes à l’occasion du Pot de Nouvel An.
Dans son discours, le bourgmestre Jean Paul Zeimes a mis en avant l’importance de la cohésion, de l’engagement et du travail d’équipe, piliers essentiels du bon développement de la commune. L’année 2026 démarre sur de bonnes bases avec un budget validé et les premiers projets déjà lancés.
De nombreux projets ont été évoqués pour les mois à venir, notamment dans les domaines du logement abordable, des infrastructures scolaires et sportives, de la voirie, de la gestion de l’eau, ainsi que de la transition énergétique et environnementale.
Le bourgmestre est également revenu sur l’état d’avancement des discussions autour d’une éventuelle fusion Nordstad, soulignant la volonté de préparer ce processus de manière sérieuse et transparente, avec l’implication future des citoyens.
La soirée a enfin été l’occasion de remercier chaleureusement l’ensemble du personnel communal, les commissions, les associations et les partenaires pour leur engagement quotidien au service de la commune.
Voici quelques impressions de cette belle soirée.

















