Ausbau vun der B7 tëscht Schieren an Ettelbréck

Ausbau vun der B7 tëscht Schieren an Ettelbréck
Gëschter Owend huet d’Gemeng Schieren op eng Infoversammlung an de Centre culturel Al Schoul agelueden, fir d’Bierger iwwert de Projet vum Ausbau vun der B7 ze informéieren.
No der Begréissung vum Buergermeeschter Jean Paul Zeimes hunn d’Responsabel vun der Administration des Ponts et Chaussées de Projet virgestallt. Geplangt ass ënner anerem den Ausbau vun der B7 op 2 Mol 2 Spuere souwéi d’Verdueblung vum Viaduc vu Schieren. Am Kader vum Projet goufen och Etüden zu Kaméidi mat geplangte Schallschutzwänn souwéi verschidden Ëmweltanalysen presentéiert.
No der Presentatioun haten d’Bierger d’Méiglechkeet, Froen ze stellen an direkt Äntwerte vun den Experten ze kréien.
D’Presentatioun vun der Versammlung kënnt dir och am Detail hei noliesen

Hei nach e puer Andréck vun dëser informativer Biergerversammlung.

Aménagement de la B7 entre Schieren et Ettelbruck

Hier soir, la commune de Schieren a invité les citoyens à une réunion d’information au Centre culturel Al Schoul afin de présenter le projet d’aménagement de la B7.

Après les mots de bienvenue du bourgmestre Jean Paul Zeimes, les responsables de l’Administration des Ponts et Chaussées ont présenté le projet. Celui ci prévoit notamment l’élargissement de la B7 avec deux fois deux voies ainsi que le dédoublement du viaduc de Schieren. Des études acoustiques avec des écrans antibruit et différentes analyses environnementales ont également été présentées.

La présentation projetée lors de la réunion peut également être consultée ici.

Voici quelques impressions de cette réunion informative.

Ausbau vun der B7 tëscht Schieren an Ettelbréck