Leitbild Nordstad 2035 (Schieren)

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, an de Claude Turmes, Minister fir Energie a Landesplanung, presentéieren Elementer vum Leitbild Nordstad 2035 an d’Nordstad Mobilitéitskonzept am Kader vu 5 ëffentlechen Informatiounsversammlungen a Presenz vun de Nordstad Buergermeeschteren.

D’Informatiounsversammlungen fannen tëschent dem 04. an 18. Oktober 2021 ënnert dem CovidCheck Regime statt.

D’Participatioun fir de Public ass gratis an et si keng Aschreiwungen néideg.

Bei der Entrée vun der jeeweileger Lokalitéit ass awer d’Virweise vun Ärer Identitéitskaart mat Ärem CovidCheck indispensabel!

Méindeg – 18. Oktober 2021 – 19:00 Auer: Schieren – Alen Atelier

Alen Atelier – 130 Plazen
72, route de Luxembourg / Parking rue du Moulin
L-9125 Schieren

CovidCheck Gesondheetskonzept
Des Informatiounsversammlungen fannen ënner dem “CovidCheck” Regime statt.

Versammlungen tëscht 11 an 300 Leit kënnen ënner dem CovidCheck Regime stattfannen. An dësem Fall ass d’Verpflichtung eng Mask ze droen, di perséinlecher Mindestdistanz vun 2 Meter an di betreffend Verdeelung vu Sëtzplazen gëllen net.

De CovidCheck Regime ass e Regime uwendbar fir Etablissementer (z.B. Restaurant, Bar, Fitnesszenter, Commerce, asw.), Demonstratiounen oder Eventer (z.B. Sportsevenementer, Concerten, asw.) déi Public zoulossen zu deem exklusiv Persounen (Zuschauer, Personal, Supervisoren) zougelooss sinn an déi geimpft, vun enger COVID-19-Erkrankung geheelt oder negativ getest sinn (entweder op der Plaz Selbsttest oder een zertifizéiert negativ Resultat). Persounen ënner 6 Joer si befreit vun engem Selbsttest op der Plaz ze maachen oder e COVID-19 Testzertifikat ze presentéieren.

Déi maximal disponibel Sëtzplazen gi bei de jeeweilegen Lokalitéiten hei uewendriwwer ugewisen.

D’Participatioun fir de Public bei dësen Informatiounsversammlungen ass gratis an et si keng Aschreiwungen néideg.

Wann Dir wëllt un enger vun den Informatiounsversammlungen Deel huelen, braucht Dir just Är Identitéitskaart bei der Entrée vun der jeeweileger Lokalitéit mat Ärem CovidCheck a Papeierform oder an digitaler Form ze presentéieren.

Wann Dir kee valabele CovidCheck presentéiere kënnt, musst Dir e Selbsttest (Material dofir kritt Dir zu Verfügung gestallt) op der Plaz ab 18.00 Auer duerchféieren, dat dauert ongeféier 15 Minutten. An dësem Fall, kommt mat Zäit virum Ufank vun der Presentatioun ! Merci fir Äert Versteesdemech.

Date

18 octobre 2021
Expiré!

Heure

19:00
QR Code
Aller au contenu principal