Chargement Évènements
Evènements

Nordstad Ëmweltdeeg zu Schieren

Nordstad Ëmweltdeeg 2026 – Naturerliefnisser zu Schieren

Am Kader vun den éischten Nordstad Ëmweltdeeg invitéiert d’Gemeng Schieren iech op eng geféiert Wanderung duerch d’Natur ronderëm Schieren.
Freides, den 18. September 2026
Start: 17:30 Auer
Treffpunkt: bei der Buvette vun der Sportshal zu Schieren
Zesumme mam SICONA an dem Fierschter geet et op eng ronn 5km laang Wanderung, mat interessanten Erklärungen zu ë. a.:
Dréchemaueren
Fleeg vu Randsträifen
Naturverjüngung
Weieren
… an der Natur ronderëm Schieren.
Duerno loosse mir den Owend gemittlech bei der Buvette auskléngen.
Et gëtt Wëldfleesch aus dem Schierener Bësch gegrillt an zerwéiert, an d’Gemeng offréiert Waasser, Béier a Softdrinks.
Kommt laanscht, entdeckt eis Natur aus enger anerer Perspektiv a verbréngt e flotten Owend mat eis!
Mir freeën eis op iech!